Merg: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf dat si an hien nimools vergiess huet.
Luxembourgish; Letzeburgesch


LOOKING TO PLACE A BULK ORDER?CLICK HERE

Piracy-free
Piracy-free
Assured Quality
Assured Quality
Secure Transactions
Secure Transactions
Fast Delivery
Fast Delivery
Sustainably Printed
Sustainably Printed
Delivery Options
Please enter pincode to check delivery time.
*COD & Shipping Charges may apply on certain items.
Review final details at checkout.

About The Book

Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk charismatesch ongewéinlech attraktiv e begaabte Sportler mat engem Ofschloss vun enger Ivy League Universitéit dee fléissend Däitsch a Franséisch geschwat huet an ausserdeem war de Merg wéi seng Frënn hie genannt hunn och nach deen eenzege männlechen Ierwen vun engem grousse Familljeverméigen.Mee am Dezember 1944 nodeem dJapaner Pearl Harbour ugegraff haten war dat alles egal. Well hien och wollt säin Deel bäidroen huet de Merg säi verzaubert Liewen opginn an sech fräiwëlleg bei der Arméi gemellt. Hie gouf engem Opklärungstrupp an der 28ter Infanterie-Divisioun zougedeelt déi sech sollt duerch Frankräich dBelsch a Lëtzebuerg kämpfen. Mëtt November 1944 no zwou Woche vu fuerchtbaren bluddege Gefechter am Hürtgenwald gouf di ramponéiert midd gekämpften 28st Infanterie-Divisioun no Weste geschéckt fir e bësse wuelverdéngten R&R.De Merg an de Rescht vum Opklärungstrupp goufen an där klenger Uertschaft Eschweiler (Eeschwëller) ënnerbruecht wou dZaldoten sech séier mat den Duerfleit ugefrënnt hunn déi mat hinnen hier Haiser hier Moolzechten Hoffnungen an Dreem gedeelt hunn. Well et him liicht gefall ass ze kommunizéieren a well hie seng gutt gefëllte Päck vun doheem ëmmer gedeelt huet huet dDuerf de Merg geschwënn als een aus hirer Mëtt ugesinn. Fir eng kuerz Zäit huet dLiewen rëm bal normal geschéngt.DIdyll gouf ee Mount méi spéit zerschloen wéi di Däitsch en Iwwerraschungsugrëff duerch dBëscher vun den Ardennen gestart hunn. DBattle of the Bulge hat ugefaang. Zesumme mam Rescht vu Lëtzebuerg war Eschweiler drop an drun vum schnellen däitsche Virstouss iwwerrannt ze ginn. Wéi den Opklärungstrupp sech huet missen aus dem Duerf zréckzéien sinn si direkt an dTruppespëtzt vun den Däitschen an deem Sektor gerannt. Si waren ageklemmt an hate just zwou Optiounen: Gefaangeschaft oder Doud. An dëser Situatioun huet de Merg bewisen wat fir ee wierklech aussergewéinleche Mann hie war.
downArrow

Details